Skip to main content
Deutsche FlaggeDrapeau Français

„de Kalenner“ est offert par
Info-Handicap Luxembourg

Logo : APEMH

APEMH - Summerfest um Escher Nossbierg

  • Description :

    D’APEMH freet sech Iech op hiert traditionellt Summerfest um Nossbierg ze invitéieren, dat dëst Joer Samschdes, de 14. Juni vun 11 bis 18 Auer stattfënnt.

    Programm vum Dag

    • 11:00 – 14:00 | Rallye mat verschidde Sportsatelieren accessibel fir JIDDEREEN, organiséiert vu Special Olympics Lëtzebuerg
    • 11:00 – 14:45 | Optrëtter vu verschidde Museksgruppen an Talent-Show vun „Nossbierg sucht das Super-Talent”
    • 15:00 – 18:00 | DISCOTISME, eng Disco fir JIDDEREEN, organiséiert vun Autisme Luxembourg a.s.b.l.
    • De ganzen Dag iwwer Iessen, Gedrénks, Kreativatelieren fir Grouss a Kleng, Verkafsstänn, Tombola, a villes méi…

    Och dëst Joer fënnt eist Fest ënnert dem Motto „Green Events” statt.

    Follgend Mesurë sëtze mir dofir ëm:

    • regional, lokal a biologescht Iessen a Gedrénks: Geméis aus dem Lampecher Gaart, Fleesch aus den Ateliere vun der APEMH. Mir bidden och vegetaresch Plat’en un.
    • d’Benotze vu Mehrwegbesteck a – bechere fir d’Iessen an d‘Gedrénks
    • Flyeren, Tombolaslousen, Zerwéiten aus recycléiertem Pobeier
    • eng bewosst Offalltrennung
    • Verzicht op Verdeele vun Einweg- Gadgete vun eise Partner a Sponsoren un eis Visiteuren
    • d’Erreechbarkeet vun eisem Fest mam ëffentlechen Transport mam Bus N°5 vun der Escher Gare (www.mobilitéit.lu) an d’Organiséiere vun enger Navette vum Parking Aloyse Meyer (hannert dem Cactus Lalleng um Boulevard Aloyse Meyer) vun 10:30-18:45 Auer.
    • Dekoratioun hiergestallt an eisen Atelieren
    • Bréngt Är eege Kierf mat, fir Är Akeef an Är Tombolasgewënn
  • Date :

    14.06.2025 11:00-18:00

  • Lieu :

    APEMH - Centre Nossbierg
    1A, route de Rumelange | L-4309 Esch-sur-Alzette

  • Accessibilité de l'événement :
    • Transports publics à proximité (moins de 100 m)
    • Parkings réservés aux personnes handicapées (moins de 100 m)
    • Accès plain-pied garanti
    • Espaces permettant la circulation aisée en fauteuil roulant
    • Sanitaires adaptés aux fauteuils roulants
    • Possibilité d'accompagnement / de guidage jusqu'à sa place possible
  • Type d'événement :

    Porte ouverte / fête

  • Contact Tél. :

    37 91 91-1

  • Contact Email :

    info@apemh.lu

  • Web :

    https://www.apemh.lu/

  • Web :

    https://www.apemh.lu/summerfest-um-escher-nossbierg-de-14-juni-2025/

  • Fichier :

    APEMH_Summerfest_2025.pdf (489.43 kB)